Ech hun e Problem constatéiert. Wéi kennt dir mir hellefen?
Kontaktéiert eis weg. Egal ob et sech emt generell oder individuell statutär Problemer handelt, ob eng Administration begrenzt oder vir se alleguerten, mir sin fir Iech do.
Ech giff gären matschaffen. Geet dat?
Op jidde Fall. Et gi leider vill ze wéineg Leit di Zäit an Loscht op gewerkschaftlech Arbecht hunn. Dëss as awer guer net oninteressant oder langweileg. Kontaktéiert eis weg.
Den Comité trefft sech an regelméissegen Réuniounen fir di aktuell Sujeten opzeschaffen. Dank modernen Kommunikatiounsmoyenen as et awer och net emmer néideg sech ze déplacéieren. All Mataarbecht an egal wéi enger Form as härzlech wëllkomm.