D’Universitaire beim Staat

D’UFP ass d’gewerkschaftlech Organisatioun fir d’Carrière supérieure an affiliéiert un d’CGFP

D’UFP vertrëtt d’Interessien vun den Universitaire beim Staat

D’UFP vertrëtt d’Interessien vun iwwer 1.100 Fonctionnairen aus der “Carrière supérieure administrative, scientifique et technique” beim lëtzebuerger Staat an bei den ëffentlechen Etablissementer. Genee ewéi d’CGFP, ass d’UFP politesch an ideologesch absolut onofhängeg.

Als sektoriell Personalvertriedung verteidege mir di moralesch, materiell a sozial Interessien vun de Fonctionnairen aus der Carrière supérieure administrative an scientifique. Dozou gehéiert eng kritesch Ausenanersetzung mat gesetzlechen, reglementareschen oder statutareschen Ännerungen déi d’Universitairen allgemeng betrëfft.

Op individuellem Niveau si mir ären direkten Uspriechpartner fir Problemer a verschidden spezifesche Carrièren (attaché, chargé d’études, asw.), onofhängeg dervun ob eenzel Leit oder eng spezifesch Administratioun concernéiert sinn.