Wee si mir?
D’FÉDUSE/CGFP-Administration vertrëtt d’Interessien vun iwwer 1.000 Fonctionnairen aus der “Carrière supérieure administrative an scientifique” beim lëtzebuerger Staat an bei den ëffentlechen Etablissementer.
Di iwwer 1.000 Leit sinn individuell Member an der Confédération générale de la Fonction publique (CGFP), an domadder och automatesch an der FÉDUSE.
D’FÉDUSE ass an der CGFP affiliéiert an besteet aus e puer professionelle Gruppen.
D’FÉDUSE/CGFP-Administration ass de Groupe matt den Universitairen aus der ieweschter, administrativer oder wëssenschaftlecher, Carrière beim Staat.
D’FÉDUSE/CGFP-Enseignement (Représentatioun vun den Professeren äus dem Secondaire) fannt Dir hei.
Genee ewéi d’CGFP, ass d’FÉDUSE politesch an ideologesch absolut onofhängeg.
Wat maache mir?
Als sektoriell Personalvertriedung verteidege mir di moralesch, materiell a sozial Interessien vun de Fonctionnairen aus der Carrière supérieure administrative an scientifique.
Dozou gehéiert eng kritesch Ausenanersetzung mat gesetzlechen, reglementareschen oder statutareschen Ännerungen déi d’Universitairen allgemeng betrëfft.
Op individuellem Niveau si mir ären direkten Uspriechpartner fir Problemer a verschidden spezifesche Carrièren (attaché, chargé d’études, asw.), onofhängeg dervun ob eenzel Leit oder eng spezifesch Administratioun concernéiert sinn.